
- Äre Vertrauenspartner zënter 1920 -

EIS AARBECHT
Vermaartung

Hand drop!
Iwwert Generatiounen huet sech eise Familjebetrib an der Vermaartung vun Schluecht- a Notzvéi an all den lokalen Fleesch- a Mëllechrassen spezialiséiert. Dobäi notzen mir eist Fachwëssen, esou dass déi beschtméiglechst Präisgestaltung fir eis Client’en garantéiert ka ginn. Eis Sammelplaz zu Mäerzeg ermeiglecht eng optimal Selektioun vun den Déieren.
Duerch joerelang Erfarung an erfollegräich Zesummenarbescht innerhalb vum ganzen Secteur, si mir de richtegen Partner fir d’Vermaartung vun ärem Véi.
Transport

Ëmmer fir Iech do!
Nieft der Véivermaartung läit eis Stärkt och a der Logistik. Vu der Organisatioun bis hin zuer Duerchféiereung vu Transporten vu Schluecht- a Zuuchtvéi wéi och Transporter fir Privatschluechtungen si mir beschtméiglechst ausgestatt. Dodriwwer hinaus si mir immens flexibel bei der Planifikatioun vu den Transporten an orientéieren eis un eis Client’en.
Eise Fuhrpark besteet aus zwee eenstäckegen Camionen a zwee Auto-Véiunhänger, déi e déieregerechte Ëmgang beim Op- an Oflueden erméiglecht. E weidere Virdeel sinn d’Kuerzstrécketransporter, déi zum zum Déierewuel bäidroen.
Och sinn Kuerzstrécketransporter an d’Ausland méiglech.
IWWERT EIS
Eis Geschicht
Et huet alles mat enger staarker Frau ugefaangen, déi an der Géigend vun Esch-Sauer vun Duerf zu Duerf Schof op hiere Schëllere gedroen huet. 1914 huet hiere Jong Nic Wolter am Alter vu 8 Joer scho säin éischten Béischt kaaf. D’Nofro ass esou séier geklomm datt d’Famill hiere éischte Camion am Joer 1922 kaaf huet; bis zu 12 Kalwer hu dra gepasst, eng erstaunlech Leeschtung fir déi Zäit!

Dem Nic säi Jong, Misch Wolter, ass de Nofollger vum Betrib ginn an huet och seng zwee Bouwen ugeléiert. Den Eelsten huet no enger Zäitchen zesummen mat senger Fra, dem Leonie a sengem Jong, dem Henri Wolter, de Betrib zesummen iwwerholl. 1970 gouf dunn de Fräihandel zu Lëtzebuerg ausgesprach, wat d’Industrie nach méi zum Floréieren bruecht huet. Am Joer 1981 dunn huet den Henri de Familjebetrib ganz iwwerholl, gouf awer weiderhinn mam Wëssen vu sengem Papp ënnerstëtzt. No ronn 40 Joer iwwergëtt den Henri elo de Betrib senger Duechter, dem Annick Wolter. Zesummen mat sengem Papp a sengem Partner, dem Ludwig, geet hatt elo dee Wee weider, deen seng Virfaren mat haarder Aarbescht a Passioun am leschte Joerhonnert virgeluecht hunn.

1900

1922

1970

1914

1955

2021
Eis Team
KONTAKT
Fannt eis hei:
Address
1, an der Bruch
L-9167 Mertzig
Luxemburg
Kontakt
Froen oder aner Umierkungen?